Gesamtlänge aller Episoden: 9 hours 59 minutes
den 13. Februar 2017 sin d Abby (14) an d Libby (13) zu Delphi op d Monon High Bridge gangen fir Fotoen zemaachen. Do sin sie och ukomm, mais wéi den Papp sie sollt oofhuelen, sin d Meedecher net opgetaucht. Den Daag drop goufen déi 2 doud opfonnt. deen eenzegen Hinweis op d Doot ass en Video deen d Libby mat Snapchat opgeholl huet.
1998 gouf d´Natascha Kampusch um Wee fir an d Schoul entfouert an bis 2006 gefangen gehaal.
Als Entschiedegung fir eis Verspeidung, kridd dir hei en klengen Special mat Theorien an Froen.
1959 sin 9 Wanderer am Russeschen Uralgebierg op mysteriéis Art a Weis em d Lierwen komm.
An deser Folge geet et em een vun den bekannsten Serienmörder iwwerhaapt.Et geet em den Ed Kemper. D´Julie huet sech getraut en Fall zewielen vun dem den Charel vill wees.
An des Episode hun mir keen Fall. D Lisi ass rem mat dobei an mir maachen en klengen Quiz an mir diskuteiren bessen iwwert True Crime.
29.11.1970 - En Proff ass mat sengen 2 Meedecher wanderen, op eemol fannen se d Leich vun enger onbekannter Fraa. Wat ass mat hier gteschitt?
2013 ass eng Kanadesch Studentin zu LA an engem Hotel verschwonnen, puer Deeg nom Verschwannen kloen Gäst vum Hotel dass eppes mam Wasser net stemmt.Wat ass do geschitt?
1971 huet en Mann ennert dem Numm Dan Cooper en Flieger entfouert, 200'000$ akasséiert an ass aus dem Flieger gesprongen. Desen Fall ass ennert dem Numm D.B. Cooper bekannt gin.
1962 hun 3 Prisoneier et wahrscheinlesch geschafft vun Alcatraz aus zebriechen. Ween dat war an wei se dat gemaach hun erzierlt iech d Julie ass der 8. Folge vun Loscht op Mord.