Am Bistro mat der woxx

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

https://soundcloud.com/woxx-21532663

Eine durchschnittliche Folge dieses Podcasts dauert 14m. Bisher sind 285 Folge(n) erschienen. Dieser Podcast erscheint wöchentlich.

Gesamtlänge aller Episoden: 1 day 23 hours 53 minutes

subscribe
share






D’Ofstëmmverhalen an der Chamber ënnert der Lupp


55 Prozent vun de Gesetzer, déi anen leschte fënnef Joer duerch d’Chamber gaange sinn, sinn eestëmmeg ugeholl ginn. Dat ass een dach erstaunlech héijen Taux. Ass et also iwwerhaapt nach berechtegt, vun Oppositiounsparteien ze schwätzen?


share








 July 28, 2023  13m
 
 

Klimapolitik: Eng Datz fir d’Regierung, weltwäit Suergen an den Tax Shift als Léisungsvirschlag


Dëser Deeg ass d’Klimakris däitlech ze spieren, iwwerall op der Welt ginn Hëtztrekorder gebrach. Kënne Verhandlungen tëscht China an den USA hëllefen, datt op der nächster Weltklimakonferenz endlech Fortschrëtter gemaach ginn? Am Podcast vun dëser


share








 July 21, 2023  22m
 
 

Diskussioune ronderëm Schwangerschaftsofbréch


Schwangerschaftsofbréch sinn erëm an der politescher Aktualitéit ukomm. Dat läit sécher dorunner, datt se an anere Länner ageschränkt ginn, mä och dorunner, datt et zu Lëtzebuerg Fuerderunge ginn, déi nach net erfëllt goufen. Am Podcast schwätze


share








 July 14, 2023  18m
 
 

Wat geschitt grad a Frankräich?


Nom Doud vun dem jonken Nahel gouf et a Frankräich vill Demonstratiounen, Ausschreidung an Onrouen. Am Podcast erkläre mir, wat an deene leschten Deeg geschitt ass a wéi et elo wäert weidergoen. Mir analyséieren, wéi


share








 July 7, 2023  11m
 
 

Mat der Genschéier géint d’Auswierkunge vun der Klimakris?


Nei Methoden an der Gentechnik stellen d’Politik virun eng Erausfuerderung: Wéi soll dës nei Technike reglementéiert ginn, wann et esou vill polariséierend Meenungen dozou ginn? Engersäits probéiert d’Industrie an och Deeler vun der Landwirtschaft, déi


share








 June 30, 2023  13m
 
 

Klimaneutral an de Krich? Iwwert CO2-Bilanz vun der Arméi


Och wann vill ze wéineg gemaach gëtt, ass kloer: Jiddereen*t muss seng Emissioune verréngeren! Jiddereen*t? Nee, een Sektor muss näischt maachen, an dat ass d’Militär. Dobäi sinn Arméien am Fong grouss Klimakiller. An senger Recherche


share








 June 23, 2023  11m
 
 

Wisou hunn Déi Gréng esou schlecht bei de Gemengewalen ofgeschnidden?


Den 9. Juni ware Gemengewalen zu Lëtzebuerg, an dat schlecht Resultat vun Déi Gréng huet d’Partei äiskal erwëscht. Am Podcast gi mir op d’Sich no den Ursaache vun de Stëmmeverloschter. Ass et wierklech nëmmen, well


share








 June 16, 2023  10m
 
 

Themen, déi am Gemengewalkampf ze kuerz komm sinn


Just virun de Gemengewale widme mir eis deenen Themen, déi am Walkampf ze kuerz komm sinn. Engersäits ass dat d’Gläichstellungspolitik. Et gi just 16 Buergermeeschterinnen am Land, wat gutt wéist, datt hei nach vill Efforten ze maache sinn, och


share








 June 9, 2023  29m
 
 

Ass de gliesene Plaffong bei auslännesche Kandidat*inne gebrach?


Bei klenge Parteie sinn et der vill, bei gréisseren éischter manner: Auslännesch Kandidat*innen op de Lëschte fir d’Gemengewalen. Mä wien ass iwwerhaapt een*g Auslänner*in? Am Podcast schwätze mir dës Woch net nëmmen iwwert dës Fro,


share








 June 2, 2023  14m
 
 

D’Ierwe vun Esch 2022


Chaos. Esou léisst sech dat, wat zu Esch vun Esch 2022 iwwreg bliwwen ass, an engem Wuert beschreiwen. Besonnesch am Bâtiment 4, dem alternativen, selbstverwaltete Kulturzentrum, rumouert et. Esou sollen do elo Mataarbechter*inne vun der


share








 May 26, 2023  18m