Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM

Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM. Eise Motto ass Act local - Think global. Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen interesséiert. De Podcast vun ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Cédric Reichel Introsmusek: The Disliked - Money Froen an Kommentaren zum Podcast gären un podcast@astm.lu. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.

https://anescht-liewen-e-podcast-vun-der-astm.castos.com

subscribe
share






episode 6: Nadine Haas: De Staat soll bei “sengen” Entreprisen e Virbild a punkto Mënscherechter sinn!


Interview Gaascht: Nadine Haas (ASTM) Mam Nadine schwätze mir iwwert den neie Rapport vun der ASTM: "Entreprises de l'État au Luxembourg: des modèles en matière de droits humains?" Firwat solle staatlech Entreprisen en Virbild a punkto Mënscherechter sinn? Wéi goufen d'Entreprisen erausgesicht? Wat sinn d'Resultater an d'Revendicatiounen vum Rapport? Wéi hunn d'Entreprise reagéiert? Rapport: www.droitshumains-entreprises.org Ternium Case: https://www.woxx.lu/disparition-de-deux-militants-au-mexique-le-groupe-luxembourgeois-ternium-face-a-de-graves-accusations/?highlight=ternium https://lequotidien.lu/a-la-une/droits-humains-le-gouvernement-luxembourgeois-juge-incoherent D'Gespréich ass op Lëtzebuergesch Kultur mam Anne Alternatives Sud: https://www.cetri.be/Multinationales-en-finir-avec-l www.citim.lu


fyyd: Podcast Search Engine
share








 March 3, 2023  57m