"Firwat si mir sou domm?" – déi Fro kann ee sech haut ganz dacks stellen: Et gëtt Chaos, Verwirrung an Anungslosegkeet tëscht Parteien, Pappen an Age-Shaming. D'Lizzo, d'Liza an d'Lana si mat dobäi an awer och dem Judy Garland säi gréisste Rockhit. An enger Episod mat Häerz, Blutt an dem séisse Glitzerbuch vun der Wourecht geet et ëm den 1. Abrëll an de 6. No Angel. Sidd dir prett fir de vläicht längsten an delicatesten däregen Dossier, presentéiert vun absoluter Inkompetenz? Äre paradoxe Politpodcast këmmert sech em eng schrecklech Persoun, déi viru Geriicht steet, zwee schéi Mënschen, déi knuutschen, an dem John Ritter sengem Bouf seng Fra. Mir halen K-Pop auserneen, beschwätzen ofgeleenten Invitatiounen an de Yannick bowlt Kanner ewech.