Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM

Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM. Eise Motto ass Act local - Think global. Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen interesséiert. De Podcast vun ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Cédric Reichel Introsmusek: The Disliked - Money Froen an Kommentaren zum Podcast gären un podcast@astm.lu. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.

https://anescht-liewen-e-podcast-vun-der-astm.castos.com

subscribe
share






episode 7: Dr. Larissa Mies Bombardi: Like a boomerang, banned pesticides find their way back to European consumers


Gaascht: Dr. Larissa Mies Bombardi

D’Joer 2023 ass entscheedend fir d’Zukunft oder d’Enn vum Mercosur-Fräihandelsofkommes: Zënter Joren engagéiere sech d’ASTM an d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg, zesumme mat villen aneren Acteuren aus der Zivilgesellschaft, fir d’Ofleenung vum Mercosur-Accord. Fräihandelsaccorde sinn net nëmmen immens problematesch fir d'"Produktiounslänner" a Saache Mënscherechter, si bréngen och vill negativ Aspekter fir d'Ëmwelt zesummen: erhéicht Emissioune vun der Ausbau vun der industrialiséierter Landwirtschaft, Verstäerkung vun der Energie-intensiven Transport, fir der e puer ze nennen.

Een Aspekt, dee bis elo ganz dacks vernoléissegt gouf, ass d'Fro vun der Pestizidkontaminatioun vu Produkter, déi an Europa importéiert ginn, oder d'Origine vu Pestiziden, déi a Brasilien benotzt ginn. Wéi ass et méiglech dass bei eis verbuede Pestiziden weiderhin dierfen exportéiert ginn? Firwat ass Brasilien dee gréissten Notzer vu Pestiziden? Wat ass no de Presidentschaftswalen ze erwaarden? Doriwwer schätzen ech mam Larissa Mies Bombardi, zënter 2007 Associé Professer am Geografiedepartement vun der Universitéit vu São Paulo (Brasilien), an Auteur vum Atlas: "A Geography of Agrotoxins Use in Brazil and its relations to the Europäesch Unioun".

D'Gespréich ass op Englesch. 

 

Publication:

Geography of Asymmetry

Circle of Poison and Molecular Colonialism in the Commercial Relationship Between Mercosur and the European Union

https://conexaoagua.mpf.mp.br/arquivos/agrotoxicos/05-larissa-bombardi-atlas-agrotoxico-2017.pdf

https://pedlowski.files.wordpress.com/2021/05/bra_pestizidatlas_lbombardi_geography-of-asymmetry-2021.pdf

 

Links:

https://www.zeit.de/wissen/umwelt/2021-10/larissa-bombardi-forscherin-exil-brasilien-pestizide-wissenschaft/komplettansicht

https://astm.lu/toxic-trade-comment-laccord-de-mercosur-empoisonne-les-populations-au-bresil-et-en-europe/

 

Kultur mam Anne

Sebastian Bohrn Mena | Veronika Bohrn Mena

Konzerne an die Kette!

So stoppen wir die Ausbeutung von Umwelt und Menschen

https://www.brandstaetterverlag.com/buch/konzerne-an-die-kette/

 

www.citim.lu


fyyd: Podcast Search Engine
share








 April 6, 2023  49m