Et ass déi 100. Episod… an déi muss gefeiert ginn: Bei der Schëfflenger Pizzeria-Legend "Chez Toni" gëtt et "Pizza, Pasta und Amore" fir äre Lieblingspodcast. Firwat flitt d'Jill bal aus dem Restaurant? Ass de Yannick deemnächst d'nei Damm vum Haus? A wéi oft kann ee "scusi" an enger Folg soen? Schmiert iech eng Bruschätta, huelt d'Paschtaschutta oder d'Gnotschi eraus a maacht iech en Expresso – well mir gi nach laang net heem! Tëscht Pilgerfahrten bei de Jeannot, Meet and Greets mat der legendärer Nonna an dem Pitchen vu neie Geschäftsiddien gëtt d'Frëndschaft emol nees op d'Prouf gestallt – onangeneem Kaddoen a verlugenen Drama am "Atelier" inklusive. Maacht iech prett fir Pizza mat schéine Männer, eng Mailand-Analys an d'Oprah, wat Cappelletti ausdeelt. Déi längst italieenesch-lëtzebuergesch Debatt vun allen Zäiten gëtt gekläert an et erwaart iech e "Gossip-Schäiss", fir deen eventuell e Geriichtsprozess an d'Haus steet. Che Confusione!