Paus.

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

https://soundcloud.com/user-60712074

subscribe
share






#102 Dee mam Kand… a mam Dribble d'Or… a mam Pride Month


Zur Feier des Tages gëtt et eng Folge, déi bal esou laang dauert, ewéi eng "Wetten Dass"-Episod. An et ass e ganz besonnesche Gaascht dobäi, dee sech selwer an de Podcast harceléiert huet. Är humble Queens këmmere sech em folgend Punkten vun der Queer Agenda: de Rainbow Center, Gay Hot Spots, Struggles vun heterosexuelle Männer, diskriminéierend Kleeder, d'Thomas Mann Pride an eng detailléiert Eurovisiouns-Analys. Wiem säin Handy e neit Liewen zu St. Denis ugefaangen huet, wisou een zu Manchester heiansdo vläicht "Nice shrimp!" héiert a wou de Run(a)way vu Lëtzebuerg ass – all dat gitt dir haut gewuer. D'Nonna Pina, de Goethe als Ballermann-Hit an utopesch Epiphanien sinn och mat vun der Partie, an et geet em Themen ewéi Ageism, Musik-Ikonen, Geminis an d'A-Sektioun. Och d'national Museksszeen, dat Bescht a Schlëmmst vum Schoulsport a lëtzebuergesch Trash-TV-Dreem ginn diskutéiert. Wee sinn "os gays"? Wee sinn eis Sugababes? A wee kéint d'Land bei der Eurovisioun vertrieden? Tëscht CSV an ESC ass awer och nach Zäit fir Fussball-Gossip an onangeneem Froen vum "Dribble d'Or" souwéi engem Jubiläums-Kaddo vun den "Happy Hippos". Happy Pride!


fyyd: Podcast Search Engine
share








 June 1, 2023  2h33m