Surprise, surprise! Paakt den Didgeridoo aus a steiert – wann och en Dag ze spéit – mat ärem léifste fraefeindleche Podcast an eng Episod voller Concertsdrama, Miniatur-Hoerstylisten a provokant Leit mat Gitaren. Niewt Festival-Fantasien, Arctic Monkeys Lyrics an engem däregen Dossier aus dem Supermarché, hunn är Buh-Leit och nach d'Star-Performance vum nächsten ESC parat. An de Kategorien "random stuff to die from", "Nazis" an "Pride Month" ginn et genee esou Updates ewéi zu den Themen "And Just Like That", "ZLS" an "nei Marketingstrategien fir d'Barbie".