Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM

Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM. Eise Motto ass Act local - Think global. Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen interesséiert. De Podcast vun ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Cédric Reichel Introsmusek: The Disliked - Money Froen an Kommentaren zum Podcast gären un podcast@astm.lu. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.

https://anescht-liewen-e-podcast-vun-der-astm.castos.com

subscribe
share






episode 10: Katy Medernach: De Liewensmëttel-Foussofdrock, wat ass dat?


Gaascht: Katy Medernach

Katy Medernach schafft un de wëssenschaftlechen Hannergrënn fir eng Ausstellung vu SOS Faim, Frères des Hommes an der ASTM zum sougenannten Liewensmëttel-Foussofdrock. Wat huet et domat op sech? Wéi huet sech eis Ernierung an de leschte Joerhonnerten entwéckelt a firwat leide Baueren am Globale Süden haut nach Honger? Firwat geet et net duer de CO2-Foussofdrock vun eisem Iessen ze berécksiichtegen? Ass et richteg dass sech ëmmer op d’Fleesch als den Haaptproblem konzentréiert gëtt? Kann Lëtzebuerg iwwerhaapt selwer genuch produzéieren oder musse mir importéieren? Dës an aner Froe beschwätze mir an dësem leschten Episod vum Podcast vun der drëtter Saison virun der Summerpaus.

D’Gespréich ass op Lëtzebuergesch.

 

Links:

Campagne “Changeons de Menu” vu SOS Faim: https://changeonsdemenu.lu/empreinte-alimentaire/

Campagne “Sou schmaacht Lëtzebuerg”: https://www.sou-schmaacht-letzebuerg.lu/de

 

Kultur mam Anne

Iss was?! : Tiere, Fleisch & Ich / Herausgeberin ist die Heinrich-Böll-Stiftung

https://www.a-z.lu/discovery/fulldisplay?docid=alma990015903150107251&context=L&vid=352LUX_BIBNET_NETWORK:BIBNET_UNION&lang=fr&search_scope=DN_and_CI&adaptor=Local%20Search%20Engine&tab=DiscoveryNetwork&query=any,contains,iss%20was&offset=0

www.citim.lu


fyyd: Podcast Search Engine
share








 July 11, 2023  1h11m