Et ass August (och wann d'Wieder dat nach net matkritt huet) an äre Lieblingspodcast bréngt iech Vakanzestëmmung tëscht Piccadilly-Mobber a fragwürdegen Tätegkeeten mat Banannen. Dir sicht eng perfekt Episod fir an d'Vakanz ze fueren? Say no more! Summerlach ass fir déi aner, well hei gi nëmme wichteg Themen beschwat: Ginn et Leit, déi "Twilight" nach net gesinn hunn? Wéini soll ee Moien soen? A wat ass en "Dëppegay"? Maacht iech et bequeem mat falsche Lëtzebuerger Wierder, faszinéierenden Geo-Fakten a royaler Romantik!