Paus.

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

https://soundcloud.com/user-60712074

subscribe
share






#110 Dee Mam Milka - Schokoland


Psssscht... D'Danzmaus an de Weird Al sinn nees do fir eng spéitsummerlëch Episod tëscht Fräizäitpark a Fouer! Haut geet et ëm Bridgerton mat Nazis, Privatbusser fir Leit mat Standard a Feine Sahne Fischfilet. Niewebäi gi nach Parkhaus-Präisënnerscheeder beliicht an Dermatologie-Diplomer verdeelt. Äre Snob-Podcast beschwätzt Schampes, Villeroy & Boch an Hermès aus dem Zeitungsbuttek. Wou kritt ee Flammkuchen mat Nieren? Wei éng nei Spuerkeess-Interna ginn et ze zielen? A wat der Däiwel ass e Beréng?


fyyd: Podcast Search Engine
share








 September 10, 2023  1h20m