Paus.

Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: https://bit.ly/3RVs4np - Facebook: https://bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... https://spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

https://soundcloud.com/user-60712074

subscribe
share






#112 Dee mam Atelier sengen 2000er


Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtzicken kontrolléieren am "Atelier" op der 2000er Party net nëmmen, ob d'Outfits bei d'Thema passen, mee och, ob d'Party People wierklech Anung vun deem Joerzéngt hunn. D'Jessica Night an de Kölner Indieboy hunn sech dofir an de Camouflage gehäit, d'Creolen ausgepaakt a souguer géint Hannergrondgeräischer a sonsteg Verständnisschwieregkeeten gekämpft. Disclaimer: Fir d'Energie am éischten Deel vun der Folge ass dem Jill säin hausgemaachenen Espresso zoustänneg. Nieft moudeschen Hits wéi Schlaangecostumer, Glitzer-Nippel-Tiger-Tops an Skinny Leggings Jeans ginn et  geféierlech Messerdänz vun haut an déi bescht Filmer vun deemools. Ausserdeem gëtt sech em skandaléis A-Promis am "Action" a Geständnisser aus der Hollerecher Strooss gekëmmert. Ganz sécher NET mat dobäi sinn d' "Google"-Kategorie an "Daylight in your eyes", mee dofir awer Lausbouwen zu New York, eng rout Valiss a Party-Atmosphär fir d'Oueren. Leit mat Froen zu Napster, Fallout Boy an Taille Basse Boxen ze belästegen an den DJs iwwer d'Schëller kucken, stoung och um Programm – dobäi gëtt och endlech gekläert, wouhier déi hiren Numm hunn. Maacht iech prett fir eng Achterbunnfahrt voller Gebläers, Gesang an Emotiounen... inklusive Fritten a Burger!


fyyd: Podcast Search Engine
share








 October 1, 2023  58m