Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM

Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM. Eise Motto ass Act local - Think global. Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen interesséiert. De Podcast vun ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Cédric Reichel Introsmusek: The Disliked - Money Froen an Kommentaren zum Podcast gären un podcast@astm.lu. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.

https://anescht-liewen-e-podcast-vun-der-astm.castos.com

subscribe
share






episode 2: Julie Smit & Richard Graf: Firwat brauch et haut nach de Brennpunkt Drëtt Welt?


Gäscht: Julie Smit a Richard Graf

De Brennpunkt Drëtt Welt feiert am November seng 50 Joer. Eng laang a mouvementéiert Geschicht. Mam Richard Graf, Präsident vun der ASTM a bal vun Ufank u beim Brennpunkt derbäi, a mam Julie Smit, och scho laang a verschiddene Formen derbäi, maache mir e Réck- an Ausbléck op 50 Joer Geschicht vum Magasinn.

 

Links:

Den Artikel vum Julie Smit zu 50 Joer Brennpunkt:

https://www.brennpunkt.lu/en/article/le-brennpunkt-drett-welt-franchit-une-nouvelle-etape-50-ans/

 

Den Artikel zum Interview mam Gaston Thorn:

https://www.forum.lu/wp-content/uploads/1976/10/165_9_Thorn-AFC-forum-Redaktion.pdf

 

De Brennpunkt Nr.280 zu 40 Joer Brennpunkt:

https://www.astm.lu/wp-content/uploads/2015/03/BP280_low_res.pdf

 

Den zitéierte Artikel iwwert de Rainer Falk:

https://www.brennpunkt.lu/de/der-fall-luxemburg/

 

D’Gespréich ass op Lëtzebuergesch

 

Kultur mam Anne

Brennpunkt

https://www.brennpunkt.lu/

www.citim.lu


fyyd: Podcast Search Engine
share








 November 3, 2023  1h21m