Am Bistro mat der woxx

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

https://soundcloud.com/woxx-21532663

subscribe
share






Um Canapé mat der woxx – #37 Mëssbrauch


Mëssbrauch an der Famill aus ënnerschiddleche Perspektiven op d'Bün bréngen: Dat ass der Autorin Mandy Thiery mat hire Stécker "Escher Meedchen" an "Escher Bouf" gelongen. Mä wat fir e perséinlechen a professionelle Prozess stécht do dohannert? Hefteg, gewot, ze vill: Mat dësen Adjektiver hunn ënnerschiddlech Persounen dem Mandy Thiery seng Theaterstécker "Escher Meedchen" an "Escher Bouf" an der Vergaangenheet kommentéiert. Dobäi beschreiwen si Mëssbrauchserfarungen ënnerhalb vun enger Famill, wéi se dagdeeglech stattfanne kënnen. 2018 huet de Monodrama "Escher Meedchen" Premiere gefeiert, 2023 dunn d'Theaterstéck "Escher Bouf" - eng drëtt Episod vun der Geschicht ass geplangt. Säit 2018 huet sech vill fir d'Autorin Mandy Thiery verännert. Si huet duerch d'Theaterstécker net nëmmen hir eege Familjengeschicht opgeschafft, mä och materliewt, wéi de Kultursecteur mat engem Sujet wéi Mëssbrauch ëmgeet. Zesumme mam Isabel Spigarelli vun der woxx deelt d'Mandy hir Erfarungen an denkt haart doriwwer no, ab wéi engem Alter eng Sensibiliséierung fir de Sujet Mëssbrauch eigentlech sënnvoll ass. Lauschtert eran!


fyyd: Podcast Search Engine
share








 February 27, 2024  28m