5 Joer laang war d’Isabel Spigarelli Member vun der woxx Redaktioun, 4 Joer laang als Coordinatrice vun eise kulturellen Inhalter. Wéi huet sech d’Kulturszen zu Letzebuerg an der Tëschenzäit verännert? Op wéieen Artikel ass d’Isabel besonnesch stolz? A wéi optimistesch kuckt hatt der Zukunft vum Kulturjournalismus entgéint? Dës an nach vill aner Froen hunn d’Tessie Jakobs an d’Maria Elorza him am Kader vu senger leschter Podcast-Folleg gestallt.