All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. Dës Woch schwätzen d’Tessie Jakobs an de Joël Adami iwwert d’Insektenstierwen, dat am Kader vum Welt-Ëmweltdag lo och zu Lëtzebuerg thematiséiert gouf. Et geet ënnert aanerem dorëms, wat Zen-Gäert mat doudegen Béien ze dinn hunn an wat fir Mesuren ergraff ginn, fir d’Insekten besser ze schützen.
All d’Artikelen kënnt dir op woxx.lu liesen.