Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM

Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM. Eise Motto ass Act local - Think global. Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen interesséiert. De Podcast vun ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Cédric Reichel Introsmusek: The Disliked - Money Froen an Kommentaren zum Podcast gären un podcast@astm.lu. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.

https://anescht-liewen-e-podcast-vun-der-astm.castos.com

subscribe
share






episode 1: Baas Brimer: D’Welt flitt op Cop26 fir Klima ze retten. Ass dat nach zäitgeméiss?


Interview zur Cop26 zu Glasgow

Gaascht: Baas Brimer

https://www.linkedin.com/in/baas-brimer-433a67b/

Mam Baas Brimer, Ëmwelt- a Klimaexpert bei LuxDevelopment, schwätzen ech en Detail iwwert Cop26 déi den 1. November zu Glasgow ugefaangen huet. Mir schwätzen iwwert Geschicht vun der COP, Erwaardungen an Enttäuschungen, d’Roll vu Lëtzebuerg an iwwert de Sënn vun enger Klimakonferenz am Joer 2021.

Wärend dem Gespréich verweist de Baas Brimer op eng Ried vun enger jonker Aktivistin aus dem Joer 1992. De ganze Video fannt Dir hei:

Listen to the Children - Severn Cullis-Suzuki's famous speech on the environment (1992): https://www.youtube.com/watch?v=JGdS8ts63Ck&t=85s

 

Zitéiert Tweeten:

https://twitter.com/luisamneubauer/status/1447850506123153410

https://twitter.com/GretaThunberg/status/1455645904858386433

 

Agenda:

  1. Sky & Forest - SANTERI TUORI: https://www.clervauximage.lu/fr/Expositions/Santeri-Tuori
  2. Festival Film Luxembourg-Palestine: https://paixjuste.lu/film-festival/
  3. EXHIBITION JUSTINE BLAU https://esch2022.lu/en/news/annexe22-exhibition-justine-blau/


fyyd: Podcast Search Engine
share








 November 5, 2021  n/a