Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM

Anescht Liewen - E Podcast vun der ASTM Anescht Liewen ass de Podcast vun der ASTM. Eise Motto ass Act local - Think global. Dëse Podcast ass fir all Mënsch deen sech fir global Zesummenhäng, Klimagerechtegkeet, Solidaritéit mam globale Süden a weider änlech Themen interesséiert. De Podcast vun ASTM an Zesummenaarbecht mat Radio ARA an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg. 1 Mol am Mount gëtt d'Sendung als Radiossendung op Radio ARA ausgestraalt an ass dono an der Mediathéik verfügbar. All éischte Freiden am Mount kennt eng nei Episod vun Anescht Liewen eraus. Moderatioun: Cédric Reichel Introsmusek: The Disliked - Money Froen an Kommentaren zum Podcast gären un podcast@astm.lu. Mier freeën eis op är Réckmeldungen. Anescht Liewen ass ee Projet vum ASTM an dem Klimabündnis Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Radio ARA. De Radio ARA empfänkt dir op 102,9 an 105,2 FM oder iwwert de Webstream.

https://anescht-liewen-e-podcast-vun-der-astm.castos.com

subscribe
share






episode 4: Helder da Graça: World Music gëtt et net oder alles ass Weltmusek


Interview 

Gaascht: Helder da Graça (Finkapé)

Mam Helder schwätze mir iwwert all Aspekter vum Projet Klangkeller.

De Projet Klangkeller vu Finkapé well eng Plaz schafe fir d'musikalesch Diversitéit zu Lëtzebuerg ze thematiséieren, z.B. duerch d'Offer vu Coursen, Konferenzen, Diskussiounen an Ënnerstëtzung fir d'Professionaliséierung vu jonke Museker*innen. Et geet drëms e Raum fir en neie musikaleschen Dialog ze schafen, dat ënnert dem Slogan "Living Music Living Culture Living Dialogue in Luxembourg".

De Projet ass an e puer Komponenten ënnerdeelt: Kreatioun, Acquisitioun vu Wëssen an interkulturell an intergenerationell Begéinungen.

Des weideren ginn mer de Froen no:

Firwat stéiert hien sech um Term “World Music”? Wéi kann een de Museksunterrecht dekoloniséieren? Wéi kann ee fir méi Diversitéit an der Representatioun a Concertshale suergen?

Um Ënn erwaart Iech dann nach eng musikalesch Surprise, fir déi et sech absolut lount, drun ze bléiwen!

 

De Projet Klangkeller

https://www.finkape.lu/klang-keller

https://www.facebook.com/profile.php?id=100038067702095

 

Links:

Zitéierten Artikel aus dem Tageblatt:

https://www.tageblatt.lu/headlines/poetry-slam-stand-up-und-tanzvorfuehrungen-so-sieht-luxemburgs-kulturprogramm-im-herbst-aus/

https://frairaimfestival.lu/lu/programme?music_genres=32

https://www.philharmonie.lu/fr/programm/mario-lucio-os-kriols/4135

 

Musek:

Matschnëtt vum Concert vum Njamy Sitson mat Chouer vum 29. September 2022 aus dem Celo zu Hesper am Kader vun der Klima-Bündnis International Konferenz 2022 zu Hesper. Eng Kooperatioun vun Finkapé, dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg an der ASTM.

https://www.echo.lu/de/experiences/concert-njamy-sitson-QqIaoV

D’Gespréich ass op Lëtzebuergesch

 

Kultur mam Anne

Dës Kéier ouni d’Anne Müller mä mam Helder.

Bicher vum Nathan Holder:

https://www.nateholdermusic.com/books

 

www.citim.lu


fyyd: Podcast Search Engine
share








 January 9, 2023  1h4m