Gesamtlänge aller Episoden: 3 days 22 hours 17 minutes
Binden, Tamponen, Menstruationsënnerwäsch an -tasen... Wann et drëm geet, dReegelblutt ofzefënke stinn engem eng ganz Rei Produkter zur Verfügung. Mir hun der e puer getest a schwätzen driwwer. Duerno erwaard ich eng praktesch Uleedung zu Analsex.
Ëmmer wann et drëms geet, eng aner Persoun fir déischt ze këssen, stellen sech déi selwecht Froen: Wourun erkennen ech, ob déi aner Persoun dat och wëll? Wéi ginn ech hier ze verstoen, dass ech si kësse wëll? Wéi soll de Kuss selwer idealerweis sinn? Nod
Wat ass den Ënnerscheed tëscht Net-Monogamie an Polyamorie? Wei kënnen net-monogam Bezéiungen ausgesinn? DKelly schwätz mam Lucie driwwer, wéi se dozou komm sinn, net-monogam ze liewen an wat dat alles sou mat sech bréngt. An der Rubrik schwätzt dTessie-
Vun alle Methode fir sech Kierperhoe wechzemaachen ass raséiere wahrscheinlech déi heefegst. Mee firwat eigentlech? A wat huet dat Thema an engem Sexpodcast verluer?
Wee masturbéiert a firwat a wéi? D’Anne an d’Tessie hu sech dozou hier Gedanke gemaach. D’Kelly huet sech iwwerdeems fir d’Rubrik Eng gutt Fro mat der Klitoris befaasst.
Wat vermëttelen eis d’Medien an eist Ëmfeld doriwwer, wat Schéinheet ass? A wéieen Afloss huet dat op eist Selbstwäertgefill? Doriwwer huet sech d’Tessie mat eisem Gaascht dem Lara ënnerhalen. An der uschléissender Rubrik geet et em de Coming-out.
Vun engem Friemen op der Strooss oder am ëffentlechen Transport ugepakt oder op opdrägelech Aart a Weis ugeschwat ze ginn, hannendrugeruff oder –gepaff ze kréien – eng Erfahrung, déi vill Leit ëmmer nees an hierem Alldag maachen. D’Anne an d’Tessie schwä
Firwat soe mir am Podcast eigentlech Penis an net Schwanz? A wat mengen dLeit genee domat, wa se Muschi soen? Vagina ? Kitzler? Dat Ganzt? Wann et ëm Begrëffer geet, gëtt et séier komplizéiert – d’Kelly an d’Tessie hu probéiert e bëssen Uerdnung an de Ch
Wat ass den Ënnerscheed tëscht flirten a frëndlech sinn? An ab wéini ass d’Grenz zu sexueller Belästegung iwwerschratt? D’Anne an d’Tessie hu sech dozou e puer Gedanke gemaach. Duerno an der Rubrik hëlt d’Kelly de Sex a Porno’en ënnert d’Lupp.