Gesamtlänge aller Episoden: 3 days 22 hours 17 minutes
D’Fro, ob een Hoer wechmécht oder net, stellt sech net fir all Kierperdeel an all Mënsch dselwecht. An dëser Episode hu sech d’Tessie an d’Anne méi genau domadder befaasst. An der Rubrik erkläert d’Kelly wat den Ënnerscheed tëscht trans a cis ass.
Wat mécht eigentlech eng gutt Bezéiung aus? Doriwwer hu sech d’Kelly an d’Tessie ënnerhalen. Am zweeten Deel vun der Folleg geet et ëm de Film „A Star is born“, deen de Moment am Kino leeft.
An dëser Folleg erwaard iech en Dialog iwwer Orgasmus (en Thema iwwer dat et nach souvill méi ze soe gëtt!) an en „How To“ vum Kelly doriwwer, wéi ee während dem Sex matenee schwätze kann.
DKelly huet sech mat eisem Gaascht dem Momo iwwer Erregung an erogen Zonen ënnerhalen. An der Rubrik raumt dTessie mat zwee Viruerteeler ronderëm dKavanaugh-Affär op.
Mir wëssen all wat Sex ass, oder? An der zweeter Folleg schwätzen d’Anne an d’Tessie driwwer. Duerno an der Rubrik Ass dat normal?” geet et ënnert anerem em Fetisch a BDSM.
Intimpiercinge, oder Genitalpiercinge, sinn Piercingen am Beräich vun der Vulva, dem Penis, der Klitoris, den Hoden oder der Broscht. Wou lo verschiddener sech Auu denken, an anerer, mh, sexyy, sou huet dee Kierperschmuck vill Bedeitungen.
Vu klengem u kréie mir (implizit an explizit) bäibruecht, dat Sex geféierlech wier an een sech fir Sexualitéit (an dofir e Kierper ze hunn) schumme misst. An da solle mer (laut Medien, Filmer asw.) als erwuesse Persoun bemol super emanzipéiert sinn an e
DAnne an dTessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen zum Thema Menstruatioun. Duerno eis Rubrik Sexmythen mam Kelly.