Gesamtlänge aller Episoden: 3 days 22 hours 17 minutes
DAnne an dTessie schwätzen iwwer hier Erfahrungen zum Thema Menstruatioun. Duerno eis Rubrik Sexmythen mam Kelly.
Mir wëssen all wat Sex ass, oder? An der zweeter Folleg schwätzen d’Anne an d’Tessie driwwer. Duerno an der Rubrik Ass dat normal?” geet et ënnert anerem em Fetisch a BDSM.
DKelly huet sech mat eisem Gaascht dem Momo iwwer Erregung an erogen Zonen ënnerhalen. An der Rubrik raumt dTessie mat zwee Viruerteeler ronderëm dKavanaugh-Affär op.
D’Fro, ob een Hoer wechmécht oder net, stellt sech net fir all Kierperdeel an all Mënsch dselwecht. An dëser Episode hu sech d’Tessie an d’Anne méi genau domadder befaasst. An der Rubrik erkläert d’Kelly wat den Ënnerscheed tëscht trans a cis ass.
D’Kelly an Tessie vun der eischter Staffel, schwätzen iwwer toxesch Relatiounen a Frëndschafts-Schlussmaachen. Wéi ënnerscheet een toxesch Bezéiunge vun net-toxeschen? Wéi geet een domat em, wann een sech an enger Bezéiung oder Frëndschaft
Wéieng sexuell Fantasie ginn et – a firwat? Wat hu Fantasien mat der Realitéit ze dinn? Wéi schwätzen ech mat Sexualpartneren iwwert déi Fantasien? Ass et normal beim Sex un aner Leit ze denken?
Wéivill schweessen ass normal? Wéi kann een domat ëmgoe, wann een d’Gefill huet zevill ze schweessen? D’Anne an d’Tessie hu sech doriwwer hier Gedanke gemaach. Am Kelly senger Rubrik dréit sech alles em de Sextoys.
Wat huet et mat eroteschen Dreem op sech? Wat bedeiten se? Wat schwätzt dofir a wat dogéint aneren dovun ze erzielen? Doriwwer huet dTessie mat eisem Gaascht, dem Isabel geschwat. Dëst Kéier gëtt et souguer zwou Rubriken an enger: Eng Gudd Froo an HowTo
A bal all Mainstream-Film kënnt eng Sexzeen vir. Mee wat kritt een do iwwerhaapt ze gesinn? A ginn et Saachen, déi nie gewise ginn? D’Anne an d’Tessie deelen hier Andréck. Duerno kläert d’Kelly mat Mythe ronderëm de Penis op.