Gesamtlänge aller Episoden: 3 days 22 hours 17 minutes
Wëllkomm an der 2ter Staffel vun „Méi wéi Sex“! Dat neit Team stellt sech vir: Kelly, Joël, Anne, Mirka, Elie, Mateiu. Ween mécht wat, wat sinn hier Virléiften a wat gëtt et wärend der 2ter Staffel alles ze héieren? Dat gitt dir an dëser éischter Episod
An da zweeter Folleg vun der 2ter Staffel diskutéiere Kelly an Anne iwwert wéi, firwat a wou Sex op ëffentleche Plazen interessant, spannend a munchmol awer och komesch oder komplizéiert ka sinn. An wei gewinnt gëtt et zum Schluss eng Rubrik. Hei erzielt
An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwer Petting. Wat heescht dat? Ass dat scho Sex? oder ass dat einfach en anert Wuert fir Virspill? An zum Schluss an der Rubrik en how to-Uweisung fir de Gebrauch, wou Kelly Iech Tipps gëtt wéi een oppe mat seng
Stöhnen, quiitschend Better, Flutsche … Sex ass meeschtens net immens lues. De Joël, d’Anne an d’Kelly ënnerhalen sech an dëser Episod zu dräi iwwer all méiglech Geräischer beim Sex. Dës Kéier gëtt et keng Rubrik, mä dowéinst awer 29 Minutte
Den 1. Dezember ass Welt-AIDS-Dag. De Joël schwätzt dofir an dëser Episod mat sengem Gaascht Kim vun der HIV-Berodung iwwert den HI-Virus an d‘AIDS-Erkrankung. Wéi eng Methode ginn et, fir sech ze schützen, a wat huet mat deenen néien Traitementer wéi PE
Spuenesch, Franséisch oder dach Lëtzebuergesch mat Éisleker Accent – wat ass déi sexiest Sprooch? D’Anne an de Joël schwätzen iwwert Schwätze beim, virum an nom Sex. Wéi wichteg ass verbal Kommunikatioun a wéi verännert se sech, wann een*t eng aner
Vum Schenkelklopfer bis bei d’Laachkris. Den Effekt vun engem eenzege Witz ka villfälteg sinn. E kann encouragéieren oder op en aktuelle Problem an der Gesellschaft hiweisen. Oder einfach just blesséieren. D’Anne a de Mateiu hunn sech duerch d’Inter
Bei BDSM denken déi meescht un Leit a Lack a Lieder, déi sech an däischtere Kelleren auspeitschen. Mä BDSM ass vill méi. Vill vun eis si vill méi kinky, wéi se vläicht denken. D‘Kelly an de Joël schwätzen doriwwer, wat fir verschidde Forme BDSM kann hunn
Net all Kierper huet déi selwecht Form – an dat ass och gutt esou! Haut geet et ëm mockeleg sinn. D‘Anne an de Joël erzielen, wéi si an hir Kierperen erlieft hunn, wat frustréiert huet a wéi si geléiert hunn, hire Speck ze appreciéieren. Ee Gespréich iww
Op eng Party goen, fir do sexuell Erfarungen ze hunn, vläicht och nach an der Grupp? Dat ass guer net esou onméiglech, wéi et vläicht klengt. De Joël schwätzt dës Kéier mat sengem Gaascht Anne doriwwer, wéi et ass, op Playpartyen ze goen, wéi een*t sech