Gesamtlänge aller Episoden: 11 hours 29 minutes
An der 17. Episod freet sech de Yannick beim Sam iwwert déi Dortmunder Participatioun an der Champions-League-Finall.
An der 16. Episod schwätzen de Yannick an de Sam iwwer d'Allersmatcher an den Halleffinallen vun der Champions League.
An der 15. Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwer d'Véierelsfinalle vun der Kinneksklass an och iwwer déi international Championnater.
An der 14. Episod hunn de Sam an de Yannick iwwer d'Allersmatcher an de Véierelsfinalle vun der Kinneksklass geschwat.
An der 13. Episod diskutéieren de Yannick an de Sam iwwer d'Hären Nationalekipp, U21-FLF-Selektioun an d'Dammen Nationalekipp.
An der 12. Episod schwätzen de Sam an de Yannick iwwer den Tirage vun de Véierelsfinalle vun de Kinneksklass an d'Nations-League-Playoffs.
An der 11. Episod hunn de Yannick an de Sam iwwert déi éischt Retourpartië vun den Aachtelsfinalle geschwat.
Donieft hu si awer och hir Dram-Eelef opgestallt.
An der 10. Episod hunn de Sam an de Yannick iwwert d'Allersmatcher vun den Aachtelsfinalle geschwat.
Donieft gouf awer och nach iwwert den Dany Mota a verschidden Transferte vun de Lëtzebuerger Nationalspiller diskutéiert.
An der 9. Episod hunn de Yannick an de Sam zesumme mam Jeff Kettenmeyer e Bilan gezunn an hunn den Tirage vun der Aachtelsfinall ënnert d'Lupp geholl.
An der 8. Episod hunn de Sam an de Yannick iwwer d'Champions League geschwat an et gouf eng kleng Quiz-Ronn.